Conception
Production
Project Management
Distribution
De klenge Kannibal
Details
Zeechnungen: Edith Burggraff
Texter: Anna Valentiny
De klenge Kannibal
ISBN 978-99987-617-2-8
Säiten: 27
Format: 145x255mm
Sprooch: LU
Verëffentlechungsdatum: Mai 2026
„Iergendwann huet de klenge Kannibal sech esouguer getraut, mat sengem neie Frënd zesummen op d‘Kaméil ze klammen.
Hien ass wéi op enger Well gesurft, huet op de wäisse Sand ganz wäit ënne gekuckt, an d’Kand huet hie vun hanne sécher ugehalen an em dobäi erkläert, dass si um Déier sengem Energiespäicher géinge sëtzen.
Dunn duecht sech de klenge Kannibal, dass hien och esou eng Reserv bräicht. Mee d’Waasser wéier net dat Éischt, wat hien sech fir den Noutfall géif späichere wëllen.“
De klenge Kannibal ass eng Geschicht iwwert d‘Bezéiung tescht engem Kand an senger Mamm. Mee och iwwert d‘Groussginn, d‘Iwwerwanne vun Ängschten an d‘Sich no där enger Plaz, vu wou aus een et mat der ganzer Welt ophuelen kann.